PostHeaderIcon 9. Dezember 2009

Leider huet d’Maya sein Kampf haut verluer.

PostHeaderIcon 8. Dezember 2009

Dem Maya geet et haut schon besser ewéi geschter. D’Operatioun huet him bei der Otmung gehollef (keen geschwollenen Darm = méi Plaatz fir d’Longen), an seng Blutwerter sin och besser. Elo muss hat stabel bleiwen fir sein Ductus zougemeet ze kreien. An engems get dann och gekuckt an wéi engem Zoustand sein Darm ass.

PostHeaderIcon 7. Dezember 2009

Haut wor en laangen an schwéieren Daag fir onst Maya an och fir ons.
Den Mueren wor hat nach méi schlecht wéi geschter. Bluttester, Rönchen an Echographien hun keen Hinweis dorop gin, waat d’Maya kéint hun. Eigentlech wor hat net stabel genuch, mee eng Opératioun um Bauch wor alles waat nach méiglech wor, fir erauszefannen, waat dann elo lass wor.
No 3 laangen Stonnen sin mer dun erëm béi hat geruf gin; et wor en Volvulus (den Darm wor verdréint), deen den ganzen Misère gemeet huet. Mir gesin an den nächsten 48 Stonnen op den Darm sech vun deem Stress erhëllt. Wann daat de Fall, ass dann kann d’Maya en Mëttwoch mat sengem Ductus operéiert gin.

PostHeaderIcon 6. Dezember 2009


Leider ass eise klenge Butzi haut krank gin :( Den mueren hun Dokteren gesin daat et net esou gut ausgesin huet. Se hun un den Blutwerter festgestallt, daat d’Maya eng Infektioun huet. Och seng rout Blutkierpercher woren ze wéineg, dofier kruut hat eng Bluttransfusioun. Hat ass am Moment onstabil, dowengst wëssen se net op hat muer kann operéiert gin.

PostHeaderIcon 5. Dezember 2009

D’Infirmièren haaten haut den Mueren en klengen Fotoshoot mam Maya. Hei ass eng vun den Fotoen. D’Schwéngerschesnues ass eng “optësch” Täuschung ;)

Den Mueren woren mir stolz op onst Maya, et wor op 21% Sauerstoff an 98% – 100% Sättigung, an et weit elo 760 gr.

Leider huet eisen Butzi den Owend erëm missen intubéiert gin. Et haat haut den Mëtteg relativ vill Probleemer mam Otmen, bei der Verdauung, an den Dokter hätt awer gären daat hat fier seng Operatioun en Méindeg fit ass.

PostHeaderIcon 4. Dezember 2009

Hat ass elo 735 gr schwéier an kritt 12 x 9ml Mëllech !!!!! :D

Et wor haut ganz brav, duerft och dunn der Mama den Hals kraulen. Et huet och direkt no Iessen gejaut :)

D’Maya get en Méindeg den Metteg operéiert. Drëckt alleguer d’Daumen ;)

PostHeaderIcon 3. Dezember 2009

Nodeems d’Maya seng Perfusiounen erausgeholl kruut, haat hat 30 gr verluer. Elo sin mer awer erëm op 700 gr :D

Jo, jo ….. mir sin sëcher, daat och dësen Body geschwënn dem Maya ze kleng ass ;)

Leider ass sein Ductus mat den Medikamenter net zou gaangen, dowéngst muss eisen klengen Butzi an den nächsten Deeg en kléng Operatioun matmaachen, fir dës Oder ee fir allemol zou ze maachen.

PostHeaderIcon 2. Dezember 2009

Haut kruut d’Maya all seng Perfusiounen erausgeholl :) Elo ass just nach d’sonde gastrique déi nach iwreg bleiwt. Als Belounung kruut hat en Body ugedoen :D ……. esou süssss

D’Gewiicht ass allerdengs en bessi rof gaangen, mee daat ass alles nach am grengen Beraich ;)

PS: Op deser Foto kritt onst Maya en bessi Mëllech op engem Wattestäbchen fier ze nukelen

PostHeaderIcon 1. Dezember 2009

Haut wor d’Maya erëm ganz brav :) dowengst duerft hat 2 Stonnen béi de Papa …….
Mir sin op 12 x 8 ml an d’Kéipercher gin emmer méi grous :D

PostHeaderIcon 30. November 2009

12 x 7 ml woren et schon haut :D an et wëll keen wëssen wei eng Kéipercher onst Maya schon mëcht. Eigentlech guer net proportional zu senger Gréisst.

Et huet éis haut awer erëm en klengen Schreck agejoot. Hat wollt während ca 30 mins net emmer otmen. Wou d’Madame an déi richteg Positioun gedréint gin ass, dun wor hat zefridden, zweemol gegaapst d’ganz Gesellschaft an Panik versaat an dun gemittlech wéidergeschloof ;)

Recent Comments