PostHeaderIcon 7. Dezember 2009

Haut wor en laangen an schwéieren Daag fir onst Maya an och fir ons.
Den Mueren wor hat nach méi schlecht wéi geschter. Bluttester, Rönchen an Echographien hun keen Hinweis dorop gin, waat d’Maya kéint hun. Eigentlech wor hat net stabel genuch, mee eng Opératioun um Bauch wor alles waat nach méiglech wor, fir erauszefannen, waat dann elo lass wor.
No 3 laangen Stonnen sin mer dun erëm béi hat geruf gin; et wor en Volvulus (den Darm wor verdréint), deen den ganzen Misère gemeet huet. Mir gesin an den nächsten 48 Stonnen op den Darm sech vun deem Stress erhëllt. Wann daat de Fall, ass dann kann d’Maya en Mëttwoch mat sengem Ductus operéiert gin.

14 Responses to “7. Dezember 2009”

  • Benjamin & co says:

    Ohmeimei! Wat muss dee klenge Wiermchen alles iwwert sech ergoe loossen :-(
    Dir wäert gesinn, dat klappt schonn, well et ass jo schliesslech dem Maya säin Daarm, an deen ass genee sou staark wéi hatt a wëll dat onbedingt packen :-) dk

  • Raul says:

    Mir hun dauernd no Noorichten gewaard…
    Gottseidank et sin der relatif positiver!
    Drecken weider Daumen
    Raul

  • Françoise says:

    Maya est une sacré petite bonne femme, elle s’accroche et tiens le coup. Quel force de caractère. Je pense à vous, je vous embrasse

  • Dan an Juanita says:

    Mier liesen all Owend är naisten Anträg hai op ärem blog, an zidderen an hoffen mat iech!Mier halen weider Daumen! Mier kënnen eis guer nët fierstëllen, duerch wat dier do alles musst goen, mä ët muss schrëcklëch sinn. Wéinstens sidd dier awer nët eleng, wann ëch gesinn wéivill Famill, Frenn an Noperen schraiwen, an iech positiv Gedanken schëcken, sinn mier geréiert. Et deet dëck d’Mayachen esou ze gesinn, mä mier glewen drun, datt hatt daat packt, bei denen Kämpfergenen déi hat op den Wee matkruut. Fillt iech vun eis beid fest gedrëckt!

  • Maya accroche-toi, il faut que tu ait la force
    de résister,tiens bon, nous vous embrassons
    tous les trois.

  • Danielle says:

    Ëch drécken Ierch ganz fest Daumen, dass Maya kann muer opréiert gin. Hatt as eng kleng Kämpferin ;-)

    Danielle

  • Colette says:

    Maya,

    Ett deet mir am Herzen wéi wann ech gesinn wats du schon alles muss iwer dech ergoen lossen an dengem kurzen Liewen. Mé och dest packs du, du leis dech net ennerkreien. Mir denken ganz fest un dech an deng Elteren an hir Familjen. Ech wees du wells hinnen nemmen Freed machen an duerfir raumst du all Steen dens du an den Wé geluecht kriss mat enger Kraft aus dem Wé dei ech net wosst datt esou een klengen Butzi déi konnt hun.

    Hugs and Kisses

    Colette

  • Danielle, Laura, Fabio an Steff says:

    Mir denken all ganz vill un iech, drëcken ganz ganz vill d’Daumen muer de ganzen daag an souwisou all daag. An hat as eng
    Kämpferin!,gleewen ganz fest dorun.

  • Sarah an Chris says:

    Oh nee dei uarm Meischen, och nach daat. Mee mat allendem wou hat schon matgemach hued waert hat dat doen och nach packen, schliesslech ass hat en stuarkt Meedchen. Maer drecken weiderhin all ons Daumen wou maer hun an denken ganz fest un aerch 3 <3
    Kussien

  • Françoise says:

    Hello, les cousins! la petite Maya s’accroche et ses parents doivent être fiers d’elle car elle est courageuse. Bon courage à vous, nos pensées vous accompagnent à chaque instant de la journée. Nous vous embrasons.

  • Schrank-Familiy says:

    Oh nee, déi aarm Maus… awer et ass eng staark Kämpfer-Maus an dofir packt et och déi Schikan…
    Mir denken un iech an reechen beim Kleeschen de Wonsch no datt en dem Maya e gesonde Bäichi soll schenken… a mat deem Schutzengel, muss et jo bal Bierg op goen!
    Alles, alles Léiwes vun der klenger Family

  • Bravo Maya, tu es une battante, continue à te battre et montre nous que tu peut être à la force de ton caractère.
    Bisous à vous trois

  • noperen says:

    Gudde Moien Maya,

    Bonne Chance fir alles!
    Du mechs dat schon, du bass jo e grousst a staarkt Meedchen, dat wees wat hatt wëll!

    Kussien!

  • JP says:

    Mir si richteg frouh an erliichtert, dats du emmer erem di Hürden, un dénen däin klengt Liewen hängt, méschters.
    ………a richteg photogen ges de jo och, ech hun en Termin fir d’Fuessvakanz am Photostudio agedroen, däin Papp muss jo nach näischt dervu wessen ;-)
    .mir drécke weiderhin all Daumen, déi mer hun, ganz fest !!

Leave a Reply

Recent Comments