6. Dezember 2009

Leider ass eise klenge Butzi haut krank gin
Den mueren hun Dokteren gesin daat et net esou gut ausgesin huet. Se hun un den Blutwerter festgestallt, daat d’Maya eng Infektioun huet. Och seng rout Blutkierpercher woren ze wéineg, dofier kruut hat eng Bluttransfusioun. Hat ass am Moment onstabil, dowengst wëssen se net op hat muer kann operéiert gin.
J’espère de tout coeur que la santé de Maya va s’améliorer, on pense à elle.
Je vous embrasse.
Hallo Maya eis kleng Maischen,
mir denken ganz vill an ganz fest un dech an drecken dech ganz vill léif.Komm Maya dat packste och, well du bas een mega starkt Meedchen an ech bewonneren dech dofir.
All Guddes eis kleng Maischen.
Hallo dir 3!
Do sin jo keng schéin Nouvellen
De Kleeschen haett him awer och kéinten eppes Besseres bréngen wéi dat do!
Op jidfer Fall, denken mir all d’Daimecher fir dech kléngt Maya, an wénschen dir dat do rëm séier an d’Rei geet, well schliesslech wëllen mir dech am Fréijoer kënnen hei op der Terrass begréissen.
Iech nach vill Courage, gëtt bestëmmt eng laang Nuecht an nach e laangen Daag.
Dir wësst jo d’Dir steet jidder Zait op fir iech.
Vill Kussien vun der ganzer grousser Famill.
Maya,
Och wanns du eis erem een Schreck angejoet hues, ech glewen ganz ganz fest un dech, och duerch desen setback kenns du duerch mat “flying colors”! Du packs datt schons. Tom, Tania, courage, d’Maya huet iech/eis schons zenter senger Gebuert gewiesen dat hat een starken Charakter huet an sech am Liewen kann beweisen.
Denken ganz fest un iech drei
Decken Kussi
Colette
Mir wënschen den Elteren vill courage!! Mir hoffen ganz staark mat Iech mat das et dem Maya lues an lues emmer besser geet an das dir geschwenn aeren Engelchen kënt matheem huelen an aer zait zu 3 geneissen!!!
Courage,
Mir denken ganz fest un iech 3, an hoffen dass et lues besser geet mam Maya! Mir drecken ganz fest daumen, dat wert schon gud goen!!! d’Maya ass stark!
Raphael, Raul an Ketty
Sief tapfer Maya, du packs et!
Mir denke ganz fest un dech a schécken all eis Energie fir dass du di Infektioun ganz séier nees lass gëss an deng Operatioun gemeet kanns kréien. Décke Kuss